„Man kann das Leid der Tiere nicht aus der Welt schaffen, indem man die Augen davor verschließt.“
– Albert Schweitzer –
Ween mir sinn
Mir sinn eng kleng, familiär Déiereschutzorganisatioun aus Lëtzebuerg, déi sech dem Wuel vun Hénger verschriwwen huet.
Dräimol am Joer rette mir Hénger aus Buedemhaltung, déi an der Eeërindustrie als „ausgedéngt“ gëllen.
Amplaz am Schluechthaus ze landen, kréien si bei eis eng zweet Chance: Mir vermëttelen d’Hénger un éierevoll Hänn, wou si einfach däerfen Hunn sinn – scharren, Sandbaden, picken.
Neigiereg, fräi a ganz a Rou an hirem eegene Rhythmus liewen.
dei eng zweet chance kuten
Wéi funktionéiert eng Rettung?
🗓 1. Ukënnegung vum Datum
Mir ginn den Datum vun der nächster Rettungsaktioun e puer Wochen am Viraus op eiser Websäit an op Facebook bekannt.
📩 2. Umeldung
Interesséiert Persoune mellen sech bei eis a soe wéi villen Hénger si en neit Doheem schenke wëllen.
📊 3. Planung
Mir organiséieren Treffpunkten, wou d’Hénger weidergereecht ginn. Dobäi versiche mir dat ganzt sou kuerz a stressfräi wei méiglech ze halen.
🚗 4. Virbereedung vum Transport
D’Transportkëschte gi preparéiert an d’Gefier gëtt bereetgestallt.
📦5. Mir ginn d’Hénger bei de Bauer sichen
Moies fréi ginn d’Hénger dann an eis Transportkëschte gesat.
📍 6. Iwwerreechung un déi nei Besëtzer
Op verschiddene Treffpunkten, ginn d’Hénger dann iwwerreecht. Dat ganzt fënnt meeschtens virun 11 Auer moies statt. Denkt onbedéngt un är Këschten.
🏡 7. En neit Doheem
D’Hénger zéien an hiren neie Stall an däerfen sech do lues a lues ugewinnen.
Wichteg ze wëssen
Bei der Umeldung brauche mir deng komplett Adress, well mir dës un d’Veterinäramt musse weiderginn.
Wichteg! Hénger mussen zu Lëtzebuerg registréiert ginn.
D’Hénger si ronn 14 Méint al a si hunn hir ganz Liewenszäit bis elo just an engem zouenen Stall verbruecht. Keen Himmel, keen Dagesliicht. Den Ëmgang an e fräit, neit Doheem ass fir si e grousse Schrëtt – an oft eng Erausfuerderung.
Am Ufank friessen déi meescht Hénger just dat, wat si kennen. Legemiel. Dofir haalt dësst w.e.g prett.
Gidd hinnen Zäit – et kann Deeg oder souguer Wochen daueren, bis si Vertrauen opbauen.
Ee geschützte Stall, genuch Plaz an en zouen Auslaf si néideg.
Fir all Hunn froe mir e Bäitrag von 3 €– dëse Betrag geet direkt un de Bauer, fir dass mir d’Déiere kënnen iwwerhuelen.
Mir vermëttele just u Leit, déi bereet sinn den Hénger en neit & aartgerecht Liewen ze schenken.
Sou kanns du hëllefen
och ouni en Hunn ze adoptéieren
Du kanns keen Hunn adoptéiere wëlls eis awer trotzdeem hëllefen?
📲 Eis Bäiträg op Social Media deelen
🤝 Netzwierker & Kooperationen
✨ Spenden
Ee grousse Merci och un de Garage Kruft an un d’ Gärtnerei Millenoacht déi eis schonn ëfters hiren Transporter gratis zur Verfügung gestallt huet.
Kontaktéier eis
Maggy Scholtes
Du kanns eis eng E-Mail schreiwen, eis uruffen oder einfach de Kontaktformulaire ausfëllen.